Extrait iwwer d‘Educatioun aus der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister Xavier Bettel

D’Schoul huet sech verännert a verännert sech weider. Et ass dofir e groussen Defi a gläichzäiteg e permanente Prozess eisen Educatiounssystem unzepassen an de Verännerungen an der Gesellschaft gerecht ze ginn. D’Schoul ass net d’Plaz vun der Ideologie, mee vun der Fräiheet, vun der Eegestännegkeet an der Gerechtegkeet.

De Schoulsystem gouf an de leschte Jore verbessert a mir hu Reformen ëmgesat, déi derzou féieren, dass d’Schoul méi no un der Liewenswierklechkeet ass an dass se den Ufuerdunge besser Stand hält.

Esou ass zum Beispill an engem Domaine vun eisem Bildungssystem kontinuéierlech geschafft ginn, well et dréngend noutwenneg war an dat ass d’Formation professionelle.

D’Regierung huet Schrëtt fir Schrëtt de System adaptéiert a méi pratikabel gemaach – zesumme mat de Partner, mat de Beruffskummeren, de Gewerkschaften an de Lycéeën.

Mee och hei solle mir net stoe bleiwen, mee weider dorunner schaffen, dass d’Beruffsausbildung e gläichwäertegen Zweig vun eisem Bildungssystem gëtt a fir Perspektive steet. Mir bauen Trapen, déi d’Leit kënnen eropgoen an zwar bis erop an den Enseignement supérieur.

Vun engem “Certificat de capacité professionnelle”, also dem CCP bis erop, iwwer Meeschterprüfung, Technikerdiplom, dem BTS bis bei e Master. Esou gëtt d’Beruffsausbildung ee vu ville méigleche Weeër fir och méi héich Diplomer ze maachen.

Fir d’Beruffsausbildung weider opzewäerten deposéiert de Bildungsminister nach virun Enn vun der Legislaturperiod e Pilotprojet vir, wou e Schüler parallel zu enger Première am Enseignement Secondaire Général en zweeten Ofschloss an der Beruffsausbildung ka maachen.

Esou kann ee Jonken sech all Méiglechkeeten ophalen. An de Beruff eraklammen, weider studéieren, nom Studium zréck an de Beruff oder sech preparéiere fir e Betrib ze iwwerhuelen.

Esou brénge mer et zesumme fäerdeg, Schrëtt fir Schrëtt d’Beruffsausbildung nees zu dem ze maachen, wat mer eigentlech alleguer wëllen. Eng Ausbildung déi all Jonken eng Perspektiv offréiert a gläichzäite g kréien eis Entreprise gutt ausgebilte Fachleit .

Eis Schoul ass an de leschte Joren och méi inklusiv ginn.

Do wou getrennt gouf, ass zesumme geféiert ginn. Dat gëllt fir de neie Wäerteunterrecht, wou haut all d’Schüler an engem Cours sinn. Et gëllt och fir de Volet vu Schüler, déi eng aner Mammesprooch, ewéi Lëtzebuergesch schwätzen. Um Enn vun dëser Legislaturperiod hu mer mat Déifferdeng, Esch, Klierf, Munneref a Jonglënster fënnef nei Schoule mat europäesche Programmer opgemaach.

Eis Schouloffer ass méi villfälteg ginn. Et si 6 nei Sektioune geschaf ginn am Secondaire Classique an am Secondaire Géneral.

Eis Schoul ass méi autonom ginn. Mir ginn den Acteuren um Terrain d‘Méiglechkeet Modeller selwer ze definéieren.

Eis Schoul ass och méi modern ginn. Mir hunn de Sprong an déi digital Welt gemaach.

Eis Schoul ass um Enn vun dëser Legislaturperiod och méi sozial a méi sozial verantwortlech.

An de nächste Woche gëtt hei d’Reform vun der EDIFF gestëmmt an eleng dëst Joer sinn iwwer 150 Poste geschaf gi fir déi psychologesch a sozio-edukativ Prise en Charge vu Kanner a Jugendlechen. Et sinn 20 Stonne pro Woch Gratuitéit vun der Kannerbetreiung agefouert ginn an d’Schoulbicher schloen déi nächst Rentrée net méi an de Portmonni vun de Famillen.

Déi wichteg an dréngend noutwenneg Etappe si gemaach a fir déi nächst Joren ass eng Prämiss eiser Meenung no zentral. Dat ass, dass mer Rou behalen an den Enseignanten d’Zäit gi fir sech op d’Kanner ze konzentréieren.

Et muss, et dierf an et soll een dernieft dann och weider derfir suergen, dass déi Projet’en déi ëmgesat an ofgeschloss och weider suivéiert ginn.

  • Mis à jour le 24-04-2018