Sproocheronn.lu: méi wéi 100 Propose vun de Bierger fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen

180710-sproocheronn-banner

Den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär an der Kultur, Guy Arendt, hunn den 10. Juli 2018 de Bilan vun der Initiativ Sproocheronn.lu presentéiert, déi Deel ass vun den Efforte fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.

De Guy Arendt ass a sengen Ausféierungen op d’Demarche vun der Regierung, déi vum Educatiounsministère mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère ëmgesat gëtt, agaangen:

  • d’Gesetz, dat de 27. Juni gestëmmt ginn, an deem verschidde Mesurë vun der Strategie vun der Regierung festgehale sinn, mat ënner anerem dem Schafe vun engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, engem Zentrum fir d’Lëtzebuergescht, nei Missioune fir de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, Präisser fir d’Lëtzebuergescht, ...;
  • d’Ëmfro vun TNS Ilres vum Februar 2018, déi d’Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen als Integratiouns- a Kommunikatiounssprooch esouwuel am Alldag wéi och am Beruffsliewen ënnersträicht;
  • d’Initiativ Sproocheronn.lu, wou am Februar an am Mäerz 2018 véier Biergerforen organiséiert goufen an en Online-Forum opgemaach gouf, fir esou de Bierger d’Méiglechkeet ze ginn, fir mat ze diskutéieren.

Méi wéi 7.000 Visiteuren

De Claude Meisch huet esouwuel en Iwwerbléck iwwer d’Diskussiounen op de Biergerfore ginn, un deene ronn 150 Leit deelgeholl hunn, wéi och iwwer d’Internet-Plattform www.sproocheronn.lu, op där iwwer 7.000 eenzel Visiteure gezielt goufen. Am Ganze goufe méi wéi 100 konkret Virschléi gemaach.

“D’Promotioun vun eiser Sprooch ass net eleng eng Fro vun engem Gesetz oder der Politik. Si muss vun der Populatioun gewollt sinn”, huet de Minister ënnerstrach. D’Loscht, eis Sprooch ze schwätzen, se ze liesen oder an hir ze schreiwen ass ausschlaggebend fir hir Zukunft.

De Succès vun de Sproocheronnen, an der Stad, zu Esch/Uelzecht, zu Munneref an zu Dikrech, beweist den Interessi vun de Bierger fir de Sujet. Am Laf vun den Diskussioune goufe verschidde Sujeten thematiséiert.

Konkret Virschléi

D’Participanten hunn ënner anerem dës Virschléi gemaach:

  • d’Wichtegkeet vum Léiere vum Lëtzebuergeschen ënnersträichen, och an de Privatschoulen;
  • de Kanner d’Basiskompetenzen am Schwätzen, Verstoen a Liesen an der Grondschoul vermëttelen;
  • d’Orthographie, d’Grammaire an d’Literatur am Secondaire léieren;
  • eng selwecht héich Qualitéit vun de Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener iwwer Land garantéieren;
  • méi Méiglechkeete schafen, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen (Sproochecafé, Online-Foren, Appen);
  • regional Dialekter dokumentéieren an, wa méiglech, erhalen;
  • Sproocherkennungsprogrammer op Lëtzebuergesch ausschaffen;
  • dem Lëtzebuergesche méi Visibilitéit an der ëffentlecher Beschëlderung ginn;
  • de Gebrauch vun dem Lëtzebuergeschen an de Medie verbesseren;
  • méi Texter, administrativ Dokumenter an Internetsäite vum Staat a vun de Gemengen op Lëtzebuergesch ubidden;
  • spezifesch Formatioune fir d’Personal am Fleege- an am Gesondheetssecteur virgesinn, ...

Eng Bereetschaft, eis Sprooch fir anerer opzemaachen

“All dës Proposen, déi esouwuel vu Lëtzebuerger wéi vun Netlëtzebuerger ënnerbreet goufen, si keen Ausdrock vun engem Sechzeréckzéien, mee brénge vill méi de gemeinsame Wonsch zum Ausdrock, eis Sprooch fir esou vill Leit wéi méiglech zougänglech maachen”, huet de Claude Meisch betount.

D’Resultater vun de Biergerforen, déi am Biergerprogramm zesummegefaasst goufen, ginn dem zukünftege Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch ënnerbreet a sollen an den 20-Joresplang zur Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch mat afléissen.

D’Broschür Bierger - Gesellschaft - Politik: Zesummen d’Lëtzebuerger Sprooch fërderen kann hei bestallt ginn.

  • Mis à jour le 10-07-2018