Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

promoluxoLëtzebuergesch huet zanter 1984 offiziell de Statut vun enger nationaler Sprooch. An eiser méisproocheger Gesellschaft kënnt dem Lëtzebuergeschen eng wichteg Roll zou.

D’Regierung, mat virop dem Educatiouns- an dem Kulturministère, ass sech der Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch bewosst. Och wann et scho Moossname gëtt, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen, soll den Engagement fir eis Sprooch verstäerkt ginn.

Am Mäerz 2017 huet d’Regierung e Strategiepabeier fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl.

Dëse Strategiepabeier mat 40 Mesuren ass en Dokument, dat als Basis fir den Aktiounsplang soll déngen an et erlabe wäert, mëttel- an och laangfristeg Initiativen ervirzebréngen, déi der Entwécklung vum Lëtzebuergesche sollen hëllefen.

An dësem Pabeier si véier Engagementer, respektiv iwwergräifend Ziler festgeluecht, zu deenen d’Regierung sech konkret engagéiert:

  • de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerken;
  • d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etude vun der Lëtzebuerger Sprooch virundreiwen;
  • d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur fërderen;
  • d’lëtzebuergeschsproocheg Kultur promouvéieren.

Den Detail zu deene 40 Mesuren aus dem Strategiepabeier vun der Regierung fënnt een hei.

D’Regierung huet nom Unhuele vum Strategiepabeier weider Efforte gemaach, fir de Status vum Lëtzebuergesche virun opzewäerten a konsequent d’Fërderung vun der Sprooch ze garantéieren. Dat soll kuerz- a virun allem laangfristeg geschéien. Aus deem Grond gouf eng Demarche ausgeschafft, déi op dräi Pilieren opbaut:

  1. e Gesetz fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch mat ënner anerem der Aféierung vun engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dem Opbau vun engem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an engem Aktiounsplang, deen op 20 Joer ausgeluecht ass;
  2. eng grouss Ëmfro, an där per Telefon- an Internetenquête Informatiounen iwwer d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft gesammelt goufen;
  3. de Sproocheronnen, déi den Awunner aus dem Land d’Méiglechkeet ginn hunn, aktiv matzediskutéieren iwwer d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch.

1. D’Gesetz fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

De 27. Juni 2018 gouf an der Chamber d’Gesetz fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gestëmmt. D’Gesetz gesäit eng Partie Mesurë vir, déi d’Regierung am Kader vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen huet, an déi konkret sollen ëmgesat ginn.

Konkret gëtt e Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch geschaf, deen zoustänneg ass fir en 20‑Joresplang ronderëm d’Lëtzebuergescht, an dee vun engem interministerielle Comité begleet gëtt. De Kommissär suergt fir eng national Plattform, wou all Formatiounen, Coursë fir Lëtzebuergesch a soss wichteg Informatiounen zesummegedroen an aktualiséiert ginn. De Kommissär kuckt och, datt d’Offer u Coursë fir Lëtzebuergesch ze léieren duergeet, zu Lëtzebuerg an am Ausland, an datt dat richtegt didaktescht Material do ass. Hie mécht de Suivi vun de Kloen iwwert de Gebrauch oder Net-Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an den ëffentleche Servicer.

Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch gëtt geschaf a këmmert sech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg, an ëm d’Promotioun vum Lëtzbuergeschen national an international. Den Zenter dokumentéiert d’Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d’Dialekter, mee och de villsproochege Kontext. Den Zenter organiséiert Ausstellungen a Konferenzen, an och all Joer en nationalen Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur.

Donieft bitt den Zenter dem Bierger an den Administratiounen eng Rei Servicer: Online-Dictionnaire, Spellchecker, Iwwersetzungen, Helpline.

De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise - CPLL), deen zanter 1998 besteet, kritt d’Missioun fir sech ëm d’Reegelen ze këmmeren iwwer d’Schreifweis, d’Grammaire, d’Aussprooch an de gudde Gebrauch vum Lëtzebuergeschen.

Et gi Präisser geschaf, z. B. e Concours fir Kannerliteratur an e Präis, deen aussergewéinlech Meritte fir d’Lëtzebuerger Sprooch auszeechent.

D’Gesetz schaaft dann och de gesetzleche Kader fir d’Personal an d’Fonctionnéiere vum Kommissär, dem Zenter, dem Comité interministériel an dem CPLL.

2. Ëmfro iwwer d’Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Gesellschaft

Am Optrag vum Educatiounsministère gouf Ufank 2018 vun TNS Ilres eng Ëmfro duerchgefouert, déi d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft thematiséiert huet.

An deem Kontext goufen 1.053 Persounen aus ënnerschiddleche soziodemographesche Gruppen an aus ënnerschiddlechen Altersgruppe gefrot. 60 Prozent dovun haten déi lëtzebuergesch Nationalitéit, 40 Prozent waren Netlëtzebuerger. Mee alleguerte wunnen se zu Lëtzebuerg.

D’Auswäertung vun der Ëmfro huet erginn, dass iwwer dräi Véierel vun de Leit der Regierung hir Initiative fir d’Fërderung vun Lëtzebuergesche positiv bewäerten. Iwwer 80 % vun de gefrote Lëtzebuerger fannen d’Diskussioun ronderëm eis Sprooch wichteg a sënnvoll. Och bei den Netlëtzebuerger sinn zwee Drëttel där Meenung.

77 % vun de Leit hunn uginn, Lëtzebuergesch kënnen ze schwätzen. Et sinn esouguer 94 % bei deene Jonken tëscht 16 a 24 Joer. Dës Zuele weisen, datt d’Schoul hirer Roll an der Vermëttlung vum Lëtzebuergeschen nokënnt. 72 % hu gesot, datt si déi dräi offiziell Landesproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) beherrschen. Lëtzebuergesch als geschwate Sprooch gëtt am Beruff vu 70 % vun de gefrote Leit gebraucht.

D’Resultater vun der Ëmfro spigelen zesummegefaasst zwou grouss Feststellungen erëm:

  1. D’Roll vum Lëtzebuergesche gëtt an der Gesellschaft héich ageschat, woubäi de Wonsch besteet, datt sech och nach weider an esouguer nach méi intensiv fir d’Nationalsprooch agesat gëtt.
  2. Am Alldag vun den allermeeschte Leit ass Lëtzebuergesch präsent, mee awer och d’Méisproochegkeet.

Den Detail vun de Resultater vun der Ëmfro fënnt een hei.

3. Sproocheronn.lu - Lëtzebuergesch an der Gesellschaft: Rollen, Chancen, Perspektiven

Vum 27. Februar bis den 20. Mäerz 2018 goufen op véier Plazen am Land Biergerfore ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch organiséiert, an der Stad Lëtzebuerg, zu Esch-Uelzecht, zu Munneref an zu Dikrech. Zil vun dëse Manifestatioune war et, fir nieft all de politesche Proposen och de Bierger d’Méiglechkeet ze ginn, fir hir Léisungs- a Verbesserungsvirschléi virzedroen a fir sech aktiv fir d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch kënnen anzesetzen.

Zousätzlech zu dëse Biergerfore konnt jiddwereen och um Site sproocheronn.lu seng Proposen a Virschléi ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch matdeelen.

Déi véier Biergerfore waren an dräi grouss Themeberäicher opgedeelt, déi noenee mat jeeweils engem Expert diskutéiert goufen: (Mat) Lëtzebuergesch léieren, (Mat) Lëtzebuergesch schaffen a (Mat) Lëtzebuergesch liewen.

Am Resumé kann ee festhalen, datt iwwer 150 interesséiert Bierger aktiv un de Sproocheronne deelgeholl hunn. Ugeschwat goufe Sujete wéi den Ausbau vun de Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener, d’Sproochesituatioun am sozialen a medizinesche Beräich oder nach d’Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch am Alldag an an der Kommunikatioun vun de Ministèren an de Gemengen.

Iwwer 100 konkret Proposen, déi zur Fërderung vum Lëtzebuergesche solle bäidroen, sinn op www.sproocheronn.lu erakomm. Dobäi komme ronn 7.000 Visiteuren an iwwer 1000 Likes, déi eng Zoustëmmung vun den eenzele Proposen ausgedréckt hunn.

Brochure “Bierger, Gesellschaft, Politik - Zesummen d’Lëtzebuerger Sprooch fërderen”

Den 10. Juli 2018 hunn den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt d’Brochure “Bierger, Gesellschaft, Politik - Zesummen d’Lëtzebuerger Sprooch fërderen” presentéiert. An dëser Brochure ginn déi zeréckbehale Proposen a Léisungsvirschléi ausformuléiert an zesummegesat. Déi 40 Mesurë vun der Regierung hirem Strategiepabeier gi verbonne mat de gesellschaftlechen Aussoe vun der Ilres-Ëmfro an de Proposen a Léisungsvirschléi vun de Bierger aus de Sproocheronnen.

D’Brochure soll de Strategiepabeier vun der Regierung ergänzen a staatlech a biergerlech Iddien a Proposen zesummeféieren.

Op www.sprocheronn.lu kann een d’Brochure erofgelueden oder och gratis bestellen.

“Weess de wéi? – schreiwen.lu”

De Wëlle fir korrekt Lëtzebuergesch ze schreiwen ass an der Lescht an der Lëtzebuerger Gesellschaft ëmmer méi heefeg ëffentlech geäussert ginn. Dofir huet den Educatiounsministère am Januar 2017 d’Campagne “Weess de wéi? - schreiwen.lu””iwwer d’Lëtzebuerger Orthographie lancéiert. A véierzéng Kapitele gouf d’Schreifweis vum Lëtzebuergeschen erkläert, éischter exemplaresch wéi mat Reegelen.

D’Brochure Gewosst wéi! zu dëser Campagne kann erofgelueden oder gratis beim Educatiounsministère bestallt ginn.

  • Mis à jour le 08-08-2018