Lors de la rencontre du 17 novembre 2011 entre le ministère et les élèves des lycées sur la réforme de l’enseignement postprimaire, de nombreuses questions ont porté sur la nouvelle formation professionnelle. Un descriptif général est accessible ici. Sur la présente page, le Service de la formation professionnelle répond à toutes les questions.
Wéi ass et mam Régime du technicien? Wisou ass äis den direkten Zougang zu enger Héichschoul geholl ginn? Ass et nach méiglech, op eng Héichschoul ze goen?
D’Technikerformatioun ass weiderhin eng eegestänneg Formatioun mat enger Ausbildungsdauer vu 4 Joer.
Mat der Reform vun der Beruffsausbildung kritt den Techniker och weiderhin d’Méiglegkeet, fachgebonnen Héichschoulstudien ze maachen (wéi dat och an der Vergaangenheet de Fall war). Dësen Héichschoulzougang kritt een, wann een Zousazmoduler (modules préparatoires) beleet a packt, déi am 3. an am 4. Joer vun der Ausbildung ugebuede ginn.
Ech fannen dat net an der Rei, dass mir wahrscheinlech op Ettelbréck e Modul mussen noschaffe goen, wa mir en net gepackt hunn, an dann och e Proff hunn, deen äis guer net kennt.
De Rattrapage vun engem Modul soll am Prinzip an där Schoul ofgehale ginn, wou de Schüler ageschriwwen ass. A spezielle Fäll kënne Schoulen déi no beienee sinn (z.B.: um Lampertsbierg) sech zesummendoe fir d’Offer vun de Rattrapagemoduler méi grouss ze maachen.
Wisou gëtt gesot, dass d’Noten ( op 60) bäibehale ginn, wa mir an der Formation professionelle keng méi hunn an mir schonn an der Reform sinn?
D’Reform vun der Beruffsausbildung existéiert als Gesetz schonn zanter dem 19. Dezember 2008 an ass net ze verwiessele mat der geplangter Reform vun ES an EST. D’Moduler an der Formation professionelle sinn handlungsorientéiert opgebaut, d.h. de Schüler léiert Handlungen an konkrete beruffleche Situatiounen auszeféieren. Doduerch ass et méi einfach ze jugéieren, ob hien déi beschriwwe Kompetenzen huet oder net (z.B. eng Tappéit riicht ophänken). An an deem Kontext ass och d’Reussite vum Modul net méi a Punkten ausgedréckt, well ee Modul aus enger oder méi Kompetenzen zesummegesat ass.
Firwat war bis d’lescht Woch kee Programm do?
Déi allermeescht Programmer sinn zanter Ufank September do, mee et ass wéinst technesche Problemer net alles online gewiescht. Déi Problemer sinn awer mëttlerweil behuewen.Déi puer wéineg Programmen, déi nach feelen, kommen esou schnell wéi méiglech no.
Sproochenunterrecht am Enseignement général : Wéi solle mir nëmme 25% Feeler maachen, wa mir mol keng Grammatik méi hunn?
Grammatik ass e feste Bestanddeel vum Sproochenunterrecht; sou ass et virgesinn am Programm, mee nieft der Grammatik gëtt och nach d’Schwätzen an d’Verstoen trainéiert.
Ech verstinn net, wat mir domat ufänke sollen, wa mir am Däitschen an am Franséischen iwwert d‘Politik an hirem Land schwätzen?
Am éischte Modul am Däitschen an am Franséische geet et och drëm, eppes iwwert d’Land, seng Kultur, seng Leit kennenzeléieren, well dat gehéiert zur Allgemeinbildung. De Programm proposéiert eng ganz Rëtsch Themen, an de Proff sicht sech dee Sujet eraus, deen hien a seng Klass am meeschten intresséiert.
|