Léieren

Den Unterrecht grënnt op de Kompetenzen, d. h. der Fäegkeet vum Kand, seng Kenntnesser ze benotzen, fir zu engem Resultat ze kommen. Et muss säi Wëssen a säin Know-how a konkreten an neie Situatiounen, an der Schoul an am ausserschoulesche Liewen, kënnen aktivéieren. Och wann ee weiderhi Grammaire an d‘Einmaleins muss léieren, sou muss d’Zil sinn, datt d’Kanner léieren, hiert Wëssen och anzesetzen. Dës kompertenzbaséiert Approche motivéiert d’Kand, dat esou besser de Sënn hannert deem erkennt, wat et léiert.

D’Kompetenzsockelen, déi um Enn vun all Zyklus mussen erreecht ginn, gi fir all Entwécklungs- a Léierberäich definéiert. Dës Sockele faassen déi Kenntnesser a Kompetenzen zesummen, déi néideg sinn, fir an deen nächsten Zyklus ze wiesselen.

De Léierplang spezifizéiert fir all Entwécklungs- a Léierberäich vun der Grondschoul:

  • d’Kompetenzsockelen, déi d’Kanner um Enn vun all Léierzyklus mussen erreecht hunn;
  • d’Programmer vun de Fächer, déi gehale ginn;
  • d’Wochestonnepläng.

Am 1. Zyklus

Dem Kand säi Léierprozess am 1. Zyklus gëtt virun allem als eng sozial Erfarung betruecht, déi sënnvoll Interaktiounen implizéiert. Ënnerschiddlech Situatiounen erlaben et dem Kand, mat senge Schoulkomeroden an deenen anere Persounen a sengem Ëmfeld ze interagéieren a mat Materialien a Géigestänn ze hantéieren. D’Kompetenzen, déi sech hei erschafft ginn, gehéieren zu dësen Entwécklungs- a Léierberäicher:

  • logescht a mathematescht Denken;
  • Sprooch, d’Lëtzebuerger Sprooch, Sproochopmierksamkeet an Aféierung an déi franséisch Sprooch;
  • d’Entdeckung vun der Welt mat alle Sënner;
  • Psychomotorik, Kierperausdrock a Gesondheet;
  • kreativen Ausdrock, ästheetesch a kulturell Sensibiliséierung;
  • Zesummeliewen a Wäerter.

An den Zyklen 2 bis 4

D’Kompetenzen, déi sech hei erschafft ginn, gehéieren zu dësen Entwécklungs- a Léierberäicher:

  • Alphabetiséierung, däitsch, franséisch a Lëtzebuerger Sprooch, Sproochesensibiliséierung;
  • Mathematik;
  • Aféierung an d’Wëssenschaften, Human- an Naturwëssenschaften;
  • Kierperausdrock, Psychomotorik, Sport a Gesondheet;
  • ästheetesch, kreativ a kulturell Sensibiliséierung, Konscht a Musek;
  • Zesummeliewen a Wäerter, déi am Cours „Liewen a Gesellschaft“ („Vie et société”) vermëttelt ginn.

Differenzéierung

D’Léierpersonal gëtt derzou ugehalen, déi Kanner, bei deene sech éischt Unzeeche vu Problemer manifestéieren, geziilt ze ënnerstëtzen, a begaabte Kanner ze fërderen: Dëst ass d’Ëmsetzung vun der Differenzéierung. Si ass noutwenneg, well d’Schülerpopulatioun ëmmer méi heterogeen gëtt, wat d’Fäegkeeten an d’Wëssen ubelaangt. Dës Differenzéierung dréit zur sozialer Gerechtegkeet bäi.

Aktualiséiert