Organisatioun an Ëmsetzung

Op nationalem Plang ass de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zu Lëtzebuerg fir d’Entscheedungen am Bildungsberäich zoustänneg (mat Ausnam vum Enseignement supérieur, deen ënner d’Zoustännegkeet vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul fält).

D’Zilsetzunge vum ëffentlechen Enseignement, d’Programmer, d’Certificaten an d’Diplomer, den Zougang zu Héichschoulstudien, d’Statutten an d’Administratioun vum Schoulpersonal falen also ënner eng zentral Verwaltung.

Fir d’Schoulorganisatioun am Enseignement fondamental (Opdeelung vun de Klassen, Stonnepläng asw.) sinn d'Gemengen zoustänneg. D’Gemenge këmmeren sech och ëm d’Schoulentwécklungsmoossnamen, si iwwerhuelen d’Käschte fir d’Schoulinfrastrukturen an den Equipement. D’Enseignante gi vum Staat ernannt, dann de Gemengen zougedeelt. De Staat bezilt hir Paien.

Am Enseignement secondaire classique a secondaire général këmmert sech net d’Gemeng ëm d’Verwaltung vun de Schoulen, ma d’Responsabilitéit gëtt hei direkt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend un d’Direktioune vun de Lycéeën iwwerdroen. D’Enseignante gi vum Staat ernannt a bezuelt.

 

Hei liest Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert