Evaluéieren

D’Léierpersonal evaluéiert reegelméisseg d’Schüler. Verschidde Methode kënnen hei benotzt ginn: Tester, Analys vun de Leeschtungen, Beobachtungen, Prüfungen…

Wärend dem Léierzyklus ginn d’Elteren direkt iwwer d’Evaluatiounen an d’Fortschrëtter vun hirem Kand par rapport zu den Ziler, déi sollen erreecht ginn, informéiert: Dräimol d’Joer, um Enn vun all Trimester, hunn si en individuellt Gespréich mam Enseignant.

D’Resultater ginn op zwou verschidde Manéiere festgehalen: am Tëschebilan (bilan intermédiaire) an am Ofschlossbilan vum Léierzyklus (bilan de fin de cycle).

Bilan intermédiaire

Um Enn vun den dräi Trimestere vun all Schouljoer (virun der Chrëscht-, der Ouschter- an der Summervakanz), stellt déi pedagogesch Ekipp en Tëschebilan (bilan intermédiaire) iwwer d’Entwécklung vun de Kompetenzen (formativ Bewäertung) op. Dësen Tëschebilan dokumentéiert d’Léierfortschrëtter par rapport zu den Ziler, déi um Enn vum Zyklus sollen erreecht ginn.

Dësen Bilan ass eng gutt Basis fir dat individuellt Gespréich tëscht den Elteren an dem Enseignant um Enn vum Trimester:

  • Eng Nott evaluéiert d’Leeschtunge vum Schüler wärend dem Trimester. Aacht Notte si méiglech: A+, A, B+, B, C+, C, D+, D. Am Däitschen, Franséischen, Lëtzebuergeschen an an der Mathematik gëtt et eng Nott fir all eenzelne Kompetenzberäich (z. B. an de Sproochen: Schwätzen, Schreiwen, Liesverständnes, Héierverständnes). An deenen anere Léier- an Entwécklungsberäicher (Aféierung an d’Wëssenschaften…) gëtt et eng Nott pro Fach.
  • An all Léier- an Entwécklungsberäich gëtt d‘Matschaffe vum Schüler op enger véierstufeger Skala bewäert (vu „seelen“ / „rarement“ bis „oft“ / „souvent“).
  • D’Fortschrëtter vum Schüler par rapport zu de Sockele gëtt pro Kompetenzberäich dokumentéiert (z. B. an de Sproochen: Schreiwen, Schwätzen, Liesverständnes, Héierverständnes).
  • Déi wichtegst Kompetenzen an all Beräich sinn op eng verständlech Aart a Weis beschriwwen. Esou kréien d’Elteren e méi kloert an transparent Bild vun de Leeschtungen an de Kompetenzen, déi hiert Kand wärend dem Zyklus soll entwéckelen.
  • Déi transversal Kompetenzen, d. h. déi, déi net un e spezifesche Léier- an Entwécklungsberäich gekoppelt sinn, ginn op enger véierstufeger Skala bewäert (vu „wéineg entwéckelt“ / „peu développées“ bis „gutt entwéckelt“ / „bien développées“).
  • Fir all Léier- an Entwécklungsberäich kënnen am Bilan d’Iwwerleeungen, d’Beobachtungen an d’Perspektive festgehale ginn, déi beim Gespréich tëscht den Elteren an dem Enseignant zur Sprooch koumen.

Bilan de fin de cycle

Um Enn vun all Léierzyklus stellt d’pedagogesch Ekipp en Ofschlossbilan (bilan de fin de cycle) fir de ganzen Zyklus op (zertifikativ Bewäertung). Hei ginn d’Kenntnesser an d’Leeschtunge vum Schüler am Hibléck op säi Wiessel an den nächsten Zyklus zertifizéiert.

Den Tëschebilan an den Ofschlossbilan vum Léierzyklus baséieren op de Kompetenzsockelen, d. h. de Kompetenzen, déi sech de Schüler am Laf vum Zyklus sollt erschaffen.

 

Aktualiséiert