Schoulesch Offer

Nieft den ëffentleche Grondschoule ginn et privat Grondschoulen, déi deen nämmlechte Schoulprogramm hunn ewéi déi ëffentlech Schoulen, vum Staat subventionéiert privat Grondschoulen, déi en anere Schoulprogramm hunn, a Privatschoulen, déi op enger privater Initiativ baséieren a keng Subventioune kréien.

Ëffentlech Grondschoulen

Lëtzebuerg huet 165 ëffentlech Grondschoulen, déi iwwer déi 100 Gemenge vum Land verdeelt sinn (Stand: 1.9.2023).

Vun deenen ëffentleche Grondschoule bidde vereenzelter alternativ pedagogesch Konzepter un.

Dat sinn:

6 international ëffentlech Schoulen funktionéieren nom System vun den Europaschoulen, wat de Programm, d’Promotiounskriterien an de Stonneplang betrëfft. Si stinn jiddwer Schüler op, d’Aschreiwung kascht näischt. Ugebuede gëtt eng europäesch Grondschoulausbildung vu fënnef Joer an enger franséischsproocheger, engleschsproocheger an däitschssproocheger Sektioun. Eng Partie vun dëse Schoulen bitt och Spillschoulsklassen un. Duerno kënnen d’Schüler op e Lycée goen, deen zum europäesche BAC féiert.

Dës Schoule sinn:

De Lycée Michel Lucius bitt engleschsproocheg Klassen ab der Grondschoul un.

Privat an international Schoulen

Déi privat Schoul Notre-Dame (Sainte-Sophie) bitt Klassen u mam selwechte Programm wéi déi ëffentlech Schoulen zu Lëtzebuerg, awer och Klassen – vun 2–4 Joer bis CM2 –, déi den offizielle franséische Programm enseignéieren.

Déi privat Grondschoulen hei ënnendrënner fueren net nom offizielle Lëtzebuerger Programm, ginn awer staatlech subventionéiert:

Des Weidere ginn et nach d’Spill- a Primärschoule vun den zwou Europaschoulen zu Lëtzebuerg: d’École européenne de Luxembourg I um Kierchbierg an d’École européenne de Luxembourg II zu Mamer.

 

Aktualiséiert