Interkulturell Mediateuren

Elteren, Tuteuren, Léierpersonal an Akteuren aus dem Bildungsberäich kënnen eng gratis Ënnerstëtzung vun engem interkulturelle Mediateur ufroen.

D’Mediateuren hëllefen de Schüler, déi nei am Land sinn, an hiren Elteren a follgende Situatiounen:

  • beim éischten Accueil iwwersetzen se Informatiounen iwwer dem Schüler säi schoulesche Parcours an sengem Heemechtsland,
  • si iwwersetze bei Gespréicher tëscht Elteren a Léierpersonal zum Beispill,
  • si hëllefe punktuell oder reegelméisseg an der Klass asw.

Am Allgemenge suergen d’interkulturell Mediateure fir eng besser Kommunikatioun tëscht de Famillen, de Schüler an den Akteuren aus dem Bildungssektor an assuréieren, datt sech d’Parteie géigesäiteg verstinn.

D’Demande fir interkulturell Mediatioun muss online gemaach ginn. All Ufro fir interkulturell Mediatioun muss op d’mannst siwen Aarbechtsdeeg virum gewënschten Datum vun der Interventioun gemaach ginn.

Op der Websäit https://portal.education.lu/secam/Médiateurs fannt Dir ënner anerem:

Aktualiséiert