Assistent fir Alldagsbegleedung (m/w)

De „Certificat de capacité professionnelle” (CCP) Assistent fir Alldagsbegleedung bereet op d’Aarbecht am ganze soziale Beräich vir an op d’Ënnerstëtzung bei der Betreiung vu verschiddenen Zilgruppen, dorënner Persoune mat spezifesche Besoinen.

 

Aarbechtsplazen

  • Strukture fir eeler Leit (Altersheemer, Fleegeheemer, Fleegedéngschter an aner Servicer an der Geriatrie);
  • Strukture fir Persoune mat besonnesche Besoine (Dagesbetreiung, Foyeren an ënner inklusiv Offeren);
  • Strukturen am Beräich vun der non-formaler Bildung (Maison relais, Crèchen).

Missiounen am Bildungssystem

  • Begleedung vu Kanner mat besonnesche Besoinen am Alldag an dräi Haaptberäicher: Hëllef bei der Fleeg, Ënnerstëtzung vun der pedagogescher Betreiung, Hëllef bei alldeeglechen Aarbechten;
  • a multidisziplinären Ekippe schaffen.

Studien

D’Formatioun dauert zwee Joer, mat zwee Joer an der Schoul an dräi Joer op der Formatiounsplaz dat éischt Joer. Dat zweet Joer stinn een Dag an der Schoul a véier Deeg am Betrib um Programm.

D‘Formatioun fir Erwuessener huet déi selwecht Struktur. Bei der beruffsbegleedender Formatioun stinn déi zwee Joer een Dag an der Schoul a véier Deeg am Betrib um Programm.

D’berufflech Ausbildung zum Assistent fir Alldagsbegleedung gëtt op Franséisch an Däitsch an dëse Schoulen ugebueden:

  • Grondausbildung:
    • Lycée du Nord Wiltz;
    • Lycée Bel-Val;
    • Bouneweger Lycée Luxembourg;
    • École privée Fieldgen;
  • berufsbegleedend Formatioun:
    • Lycée technique pour professions de santé;
    • CNFPC Esch-sur-Alzette;
    • CNFPC Ettelbruck;
    • École nationale pour adultes (ENAD).

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendezvous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

 

 

Aktualiséiert