Den Educateur ass am edukativen an am soziale Beräich täteg, säin Haaptatout ass seng Villsäitegkeet. D’Entwécklung vun de Studie vum Educateur ass enk mat der Entwécklung vum Bildungs- a Sozialwiesen zu Lëtzebuerg verbonnen. Sou huet sech säin Tätegkeetsberäich permanent erweidert an ëmfaasst haut ënner anerem: all Forme vu Kannerbetreiung a -fleeg, Foyere fir Kanner a Jugendlecher, Jugendhaiser, de Secteur vum Handicap an de Secteur vun den eelere Leit.
Aarbechtsplazen
- Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, assistants parentaux, Dagesfoyer oder Internat, Crèche, Mini-Crèche);
- Jugendhäuser;
- Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik;
- Secondaire an international Schoulen;
- Wunnheemer.
Missiounen am Bildungssystem
- Empfang, Betreiung a Begleedung vu Gruppe vu Kanner a Jugendlechen;
- Ënnerstëtzung vu Kanner an hirer Entwécklung;
- Ausaarbechtung an Duerchféierung vu soziopedagogesche Projeten;
- Virschloen an Duerchféierung vun erzéiereschen a spillereschen Aktivitéiten.
Studien
Ausbildung zum Educateur (GED) am Secondaire (3 Joer), déi zum staatlechen Erzéierdiplom féiert:
- Grondausbildung:
- Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES);
- Lycée Bel-Val (LBV);
- beruffsbegleedend Formatioun:
- École nationale pour adultes (ENAD).
Grondausbildung a beruffsbegleedend Ausbildung si momentan op Däitsch. Den LBV an d’ENAD bidden se vum Schouljoer 2025/2026 och op Franséisch un.
Dir hutt weider Froen?
Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg
Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu
Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)
D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendezvous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.