National Koordinatioun vum europäeschen Agenda fir d'Erwuessenebildung an -ausbildung

Den erneierten europäeschen Agenda fir d'Erwuessenebildung an -ausbildung (2011) huet definéiert, wéi d'Erwuessenebildung an -ausbildung an Europa sech bis 2020 entwéckele soll. D'Prioritéite fir den Zäitraum 2015-2020 sinn a verschidde Beräicher ënnerdeelt:

  • Gouvernance: d'Kohärenz tëschent der Erwuessenebildung an -ausbildung an anere Politikfelder sécherstellen, d'Koordinatioun, d'Effikassitéit an d'Relevanz fir d'Besoine vun der Gesellschaft, der Wirtschaft an der Ëmwelt verbesseren; déi privat an ëffentlech Investitiounen erhéijen.
  • Offer an Adhesioun:  d'Offer vun héichwäerteger Erwuessenebildung an -ausbildung substanziell ausbauen, besonnesch fir d'Vermëttlung vu Kompetenzen am Liesen, Schreiwen a Rechnen an digitale Kompetenzen, d'Adhesioun erhéijen duerch effikass Informatiouns-, Orientéierungs- a Motivatiounsstrategien, déi sech un d'Bevëlkerungsgruppe riichten, déi de gréisste Besoin virweisen.
  • Flexibilitéit an Zougang:  den Zougang duerch méi Ausbildungsméiglechkeeten op der Aarbechtsplaz an duerch eng effikass Notzung vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien (IKT) erweideren; Verfare festleeën, fir d'Kompetenze vun de wéineg qualifizéierten Erwuessenen ze ermëttelen an ze bewäerten an deene Persounen, déi net den néidege Qualifikatiounsniveau hunn, Méiglechkeeten offréieren, fir sech um zweete Bildungswee eng Qualifikatioun mat Unerkennung duerch den europäesche Qualifikatiounskader (CEC) ze erschaffen.
  • Qualitéit: d'Qualitéitssécherung, dorënner och de Suivi an d'Folgenofschätzung verbesseren, déi berufflech Éischtausbildung an d'Weiderbildung vun de Formateuren an der Erwuessenebildung verbesseren an déi néideg Donnéeë sammelen, wat d'Besoinen ugeet, an d'Ausbildung, déi an dësem Beräich muss opgestallt ginn.

D'Lëtzebuerger Projeten

2012-2014

Lëtzebuerg huet dräi zentral Punkte vum Agenda ëmgesat:

  1. d'Verbesserung vun der Qualitéit an der Zougänglechkeet vum Bildungssystem;
  2. d'Ausschaffe vun enger flexibeler Ausbildung;
  3. d'Fërderung vun de Grondkompetenzen.

2014

Well d'Famill en entscheedende Facteur fir de Kanner hiren Erfolleg an der Schoul ass, huet Lëtzebuerg de Projet „Family Learning“ an d'Liewe geruff. Zil vum Projet ass et, méi e gerechte Bildungssystem ze fërderen, andeem sech un déi benodeelegt Famillen, wou d'Elteren d'Schoul fréizäiteg verlooss hunn, oder un d'Flüchtlingsfamille geriicht gëtt. De Projet befäegt d'Elteren an encouragéiert se, sech méi un der Erzéiung vun hire Kanner ze bedeelegen.

2015-2017

Zil vum Projet war et, d'Gemeinschaft vun den Apprenanten zu Lëtzebuerg ze stäerken an ze erweideren.  Dës Gemeinschaft setzt sech aus Bierger, Regiounen an ënnerschiddleche Léierorganisatiounen zesummen. De Projet huet drop ofgeziilt, d'Kompetenze fir d'Zesummeliewen an enger méisproocheger a multikultureller Gesellschaft ze verbesseren an den allgemenge Qualifikatiounsniveau ze erhéijen. Iwwer dës Bestriewungen eraus huet Lëtzebuerg Mesuren entwéckelt, fir d'Qualitéit vum „Lifelong Learning“ sécherzestellen an d'Participatioun um liewenslaange Léieren ze fërderen, mam Zil, déi sozio-professionell Integratioun vu Persounen, déi d'Schoul fréizäiteg verlooss hunn, souwéi vu Persounen, déi internationale Schutz ugefrot oder zouerkannt kruten, ze erliichteren.

2018-2019

D'Parcoursen, fir d'Kompetenzen ze stäerken, sinn en zentraalt Element fir d'Ëmsetzung vum europäeschen Agenda. Zil ass et, d'Offer um Niveau vun der Brodung, der Grondbildung an de formalen Ausbildunge fir déi wéineg qualifizéiert Erwuessener geziilt ze entwéckelen. An thematesche Workshoppe féieren d'Acteuren an d'Parties prenanten e strukturéierten Discours, deen zu engem Programm mat konkreten Aktioune féiere soll. D'Ëmsetzung vun dësem Programm wäert Géigestand vun de pedagogeschen Deeg sinn a wäert mat der Entwécklung vu Berodungs- a Begleedungsmethoden a geziilte Parcourse fir wéineg qualifizéiert Persounen Hand an Hand goen. D'Ausbildung vu Léierkräften a Begleeder ass e weesentlecht Element, fir d'Qualitéit vun de Prestatioune sécherzestellen.

Aktualiséiert