UNESCO

CONFINTEA, déi international Konferenz fir d'Erwuessenebildung fënnt all zwielef Joer ënner der Fiederféierung vun der UNESCO statt. Déi lescht Weltkonferenz, CONFINTEA VI, huet 2009 zu Belém, a Brasilien, stattfonnt. Do gouf den „Aktiounskader vu Belém“ adoptéiert, deen zesumme mat der „Recommandatioun zur Erwuessenebildung an -ausbildung“, déi 2015 wärend der 38. Sëtzung vun der UNESCO-Generalkonferenz ungeholl gouf, d'Erwuessenebildung weltwäit orientéiert.

De Planéit wäert net iwwerliewen, wann e kee Léierplanéit gëtt.“

D'Erwuessenebildung ass e Schlësselelement an de weltwäite Beméiungen, fir d'Aarmut ze bekämpfen, méi gerecht Gesellschaften ze fërderen an eng nohalteg Entwécklung ze erméiglechen. Gutt ausgebilt Männer a Fraen, déi gewëllt sinn, hiert Wëssen an hir liewenslaang Kompetenzen ze erweideren, huelen hiert Schicksal an d'Hand, engagéiere sech an hire Gemeinschaften an droen zur Entwécklung vun hire Gesellschafte bäi.

Um Niveau vum Léiere gëtt der Alphabetiséierung, de Grondkompetenzen, der aktiver Biergerschaft, de Kompetenzen am Zesummenhang mat der professioneller Beschäftegung an der wirtschaftlecher Entwécklung souwéi der Gesondheetserzéiung, dem Wuelbefannen an der nohalteger Entwécklung Prioritéit ageraumt.

Wärend der Versammlung fir d'Hallefzäitbilanz vun der CONFINTEA VI zu Suwon de 25., 26. a 27. Oktober 2017 sinn d'Fortschrëtter, wat d'Ëmsetzung vum Aktiounskader fir Belém ugeet, iwwerpréift ginn. Dës Iwwerpréiwung baséiert op nationale Rapporten, déi op kontinentalem Niveau (Afrika südlech vun der Sahara, arabesch Staaten, Asien a Pazifik, Europa a Nordamerika, Latäinamerika a Karibik) gruppéiert an op globalem Niveau zesummegefaasst ginn.

Déi fënnef Aktiounsberäicher, déi ënnersicht ginn, sinn dat politescht Engagement vun de Staaten, d'Effikassitéit vun der Gouvernance, d'Finanzéierung vun de Programmer, d'Fërderung vum Zougang an d'Erhéijung vun der Participatioun bei der Ausbildung an d'Verbesserung vun der Qualitéit vun der Erwuessenebildung an -ausbildung.

Aktualiséiert