National Ënnerstëtzungsstruktur EPALE

epale

Déi aktuell Theme ginn op der elektronescher Plattform fir d'Erwuessenebildung an Europa (EPALE) behandelt.

Méi ewéi 35.000 Fachleit aus der Erwuessenebildung an Europa gi sech Rendez-vous op EPALE, fir hir Erfarungen a Virschléi auszetauschen.

D'Plattform ass 2014 konzipéiert ginn, an am Abrëll 2015 zu Bréissel an dono a verschidden europäesche Länner lancéiert ginn. Et gi 35 „national Helpdesken“, déi d'Plattform an hire Länner (EU a Bäitrëttslänner, dorënner och d'Tierkei, Albanien a Montenegro) an 23 verschidde Sproochen asetzen.

Zil ass et, den Austausch ze fërderen tëschent de verschiddenen Parties prenantë vun der Erwuessenebildung an -ausbildung, sief et institutionell oder politesch Acteuren, Léierkräften, Fuerscher, Journalisten oder aner Fachleit, déi un der nationaler an europäescher Zesummenaarbecht bedeelegt sinn.

 

Besicht eis op EPALE a leet Iech e Kont un:

https://epale.ec.europa.eu/de

Aktualiséiert